Skip to content

Ons Sektioun Stad Lëtzebuerg

Ons Sektioun

D’CSV-Sektioun Stad Lëtzebuerg zielt ronn 1000 Memberen. Domadder stellt d’Sektioun gutt en Zéngtel vun alle Membere vun der CSV. Fir méiglechst no un Iech, um Bierger, an um Quartiersliewen ze sinn an ze schaffen, regroupéiert d’Sektioun Stad Lëtzebuerg 11 Quartierssektiounen.

An der Chamber si 5 vun de 21 CSV-Deputéiert aus der Stad. Och ass 1 CSV-Europadeputéiert Member vun der Stater Sektioun.

Am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg, dee 27 Memberen huet, si mir mat 7 Leit vertrueden, dovun 3 Scheffen (Mandatsperiod 2017 bis 2023).

An der CSJ Stad sinn all ons Memberen vertrueden, déi manner wéi 33 Joër al sinn.

Am schEfferot an am Gemengerot

Serge WilmesSerge WILMES –  Éischte Scheffen, zoustänneg e.a. fir Stadentwécklung, ëffentlech Plazen a Commerce
Deputéierten
President CSV Sektioun Stad Lëtzebuerg

Maurice BauerMaurice BAUER – Scheffen, zoustänneg e.a. fir Soziales, Logement, Jugend, Integratioun
Generalsekretär vun der Lëtzebuerger Bourse
President CSV Lampertsbierg
President „Fondation Maison de la Porte Ouverte“

Laurent MosarLaurent MOSAR  – Scheffen, zoustänneg e.a. fir Finanzen
Deputéierten
Affekot

Paul GALLES – Gemengerot
Deputéierten
Vize-President vum CSV Nationalcomité

Claudine KONSBRUCK – Gemengeréitin
Conseillère am Justizministère
Presidentin CSV Belair
Presidentin vun der Initiativ Rëm Schaffen a.s.b.l.

Elisabeth MARGUE – Gemengeréitin
Deputéiert
Affekotin
CSV Parteipresidentin

Isabel WISELER-SANTOS LIMA – Gemengeréitin
Europadeputéiert

CSV group of the communal council
D’Ekipp vun der Fraktioun vun der CSV Stad – v.l.n.r. : Henry De Ron (Fraktiounssekretär), Elisabeth Margue (Gemengeréitin),  Maurice Bauer (Scheffen), Isabel Wiseler-Lima (Gemengeréitin), Serge Wilmes (Éischte Scheffen), Laurent Mosar (Scheffen), Claudine Konsbruck (Gemengeréitin), Paul Galles (Fraktiounspresident, Gemengerot) 

D’Aarbecht am COmitÉ

De Comité vun der CSV Stad koordinéiert e.a. d’Aarbecht vun de Quartierssektiounen, organiséiert Aktivitéiten ewéi Informatiounsversammlungen a preparéiert d’Positioune vun der CSV an der Gemeng. Als President, gouf de Serge Wilmes de 25. Oktober 2016 vun de Membere vun der Sektioun gewielt an zanterhir am Amt bestätegt.

All Joer kënnt d’Generalversammlung vun der Stad op mannst eng Kéier zesummen, wou all d’Memberen Stëmmrecht hunn.  D’Generalversammlung iwwerpréift d’Aarbecht vum Comité an entscheed iwwert déi grondsätzlech programmatesch Linne vun der CSV-Gemengepolitik. D’Basis vun eiser Politik sinn dobäi eis Grondsätz, déi am Dokument “Jidder Eenzelen zielt” zesummegefaasst sinn. De Fonktionnement ass duerch ons Statuten definéiert.

ONSE Comité

Président: Serge Wilmes

Vice-Président: Carolina Thiede

Vice-Président: François Georges

Secrétaire: Christian Bintener

Trésorier: Karin Meyer

Memberen:
Maurice BAUER
Gilles BLEY
Henry DE RON
Marc FRANTZ
Paul GALLES
John HANSEN
Charel HURT
Claudine KONSBRUCK
Elisabeth MARGUE
Martine MERGEN
Laurent MOSAR
Viviane REDING
René ROEDER
Madeleine SCHMIT-SCHINTGEN
Christopher SIRRES
Luc THEISEN
Robert TRIERWEILER
Claude WISELER
Isabel WISELER-SANTOS LIMA
Jean-François ZIMMER

Section CSV Stad

An De Gemengekommissiounen

An de Kommissioune gëtt d’Aarbecht virum Gemengerot preparéiert.

Zousätzlech zu de Comitésmemberen huelen och d’CSV-Vertrieder aus de Gemengekommissiounen un de Reunioune vum Comité vun der CSV Stad deel.

Kommissiounen Stad 2023

Ons Leit an de Gemengekommissiounen