Agenda

MIR KOMME BEI IECH!

Nieft Aarbecht a Famill ass et net ëmmer einfach sech op Wahlversammlungen ze deplacéieren. Et ass net evident fir sech iwwert d’Politik, d’Kandidaten an d’Positioune vun de Parteien z’informéieren. Awer och Är Meenung a Virstellungen si wichteg! Och Är Uleies a Suergen zielen! Och Är Froe verdéngen eng Äntwert!

Dir, als Privatpersoun, zesumme mat Famill, Frënn oder Noperen, sidd dorunner interesséiert mat e puer vun onse Kandidaten ze diskutéieren? Oder Dir sidd e Club oder eng Associatioun?

Mellt Iech a mir fixéieren zesummen e Rendez-vous!

stad@csv.lu /// Sekretariat: 691 746338

Et ass momentan keen Evenement agedroen.