Skip to content

Onse Programm fir d’Gemengewalen

den 11 Mee 2023 gouf onse Programm fir d’Gemengewalen op der Charlysgare virgestallt.

Mir engagéieren ons fir eng nohalteg Stad vun de kuerze Weeër an där onst ganzt Liewen eng Plaz huet.

  • Lieweg a gemëschte Quartieren, déi ons alles bidde wat mir am Alldag brauchen.
  • Attraktiv, gréng a sécher ëffentlech Quartiersplazen.
  • Nei, nohalteg Quartieren, mat där beschter Liewensqualitéit an dausende vun abordabele Wunnengen.
  • De prioritären Ausbau vu Bus an Tram, manner Duerchgangstrafic, sécher Weeër fir zu Fouss ze goen a mam Velo ze fueren.
  • D’Schafe vun enger visibler Gemengepolice, déi no um Bierger ass.
  • Nach méi sozialt Engagement fir ons Matmënschen a Nout.
  • Modern, innovativ Schoulen a Betreiungsstrukturen, flott Schoulhäff a Spillplazen, déi onse Kanner déi beschten Zukunftschance ginn.
  • Direkt Matabanne vun onse Matbierger.

Detailer dozou fannt dir ans onser Rubrik iwwer d’Walen.

Beitrag deelen