Ons Stad. Déi bEschte Plaz. Fir ze Liewen.
Mir hunn fir dës Walen den 1. Mäerz 2023 op onser Generalversammlung 12 Fraen an 15 Männer nominéiert, déi als engagéiert Awunner d‘Diversitéit vun onser Stad vertrieden: Ons 27 Kandidaten mat 7 verschidden Nationalitéite mat engem Duerschnëttsalter vu 45,8 Joer.
Als CSV wëlle mir gestäerkt aus de Gemengewale goen. An de Joeren déi kommen, wëlle mir ons Stad féieren. Als Equipe ronderëm onse Spëtzekandidat, de Serge Wilmes, als nächste Buergermeeschter.
Zesumme wëlle mir dat ganzt Potential vun onser Stad notzen, aus hir déi Plaz mat der beschter Liewensqualitéit fir ons Matbierger maachen:
Ons Stad. Déi beschte Plaz, fir ze liewen!