Skip to content

Aschreiwung fir d’Gemengewalen

Den 11. Juni 2023 si Gemengewalen, wou all Bierger kënnen d’Gemengeréit wielen. Dës Wale sinn op fir

  • all d’Lëtzebuerger, déi op de Wielerlëschte stinn wann se d’Konditioune vum Gesetz erfëllen
  • all d’Net-Lëtzebuerger, déi sech op d’Wielerlëschten aschreiwen.

Dës Aschreiwung kann ee bis spéitstens 55 Deeg virum Dag vun de Walen maachen, also bis de 17. Abrëll 2023, am Biergerzenter oder Online op www.myguichet.lu.

Fir dëst fir all d’Stater Awunner méi einfach ze maachen, mécht d’Stad Lëtzebuerg mat bei der “Journée Nationale de l’Inscription”, de Samschdeg, 18 Mäerz 2023, vun 9 bis 16 Auer.

Méi Informatiounen um site vun der Stad, an op echkawielen.lu

Vote

Beitrag deelen