Wielt bei de Gemengewahlen 2017! Schreift Iech elo an!

Ech hunn déi Lëtzebuerger Nationalitéit net. Kann ech awer bei de Gemengewahle wielen?

Als Net-Lëtzebuerger kënnt Dir un de Gemengewahlen deelhuelen, wann:

  • Dir Iech op der Wielerlëscht agedroen hutt. Fir d’Wahle vum 8. Oktober 2017 kënnt Dir Iech virum 14. Juli 2017 aschreiwen.
  • Dir am Moment vun Ärer Aschreiwung op mannst zanter 5 Joer zu Lëtzebuerg wunnt.
  • Dir spéitstens um Dag vun der Wahl (8. Oktober 2017) volljähreg sidd an deemno op mannst 18 Joer hutt.
  • Dir Äert Wahlrecht weder zu Lëtzebuerg nach an Ärem Heemechtsland entzu krut.

Wéi kann ech mech op d’Wielerlëscht androen?

Dir schreift Iech bei der Administratioun vun der Gemeng an, an der Dir Äre Wunnsëtz hutt. An der Gemeng Lëtzebuerg, kënnt Dir de Biergerzenter kontaktéieren, op:

44, Place Guillaume II / 2, rue Notre-Dame L-2090 Luxembourg

Tél. : (+352) 47 96 22 00
Fax : (+352) 26 2709 99

Fir Iech anzeschreiwen, braucht Dir dës offiziell Dokumenter:

  • Ee gültegt Dokument wat Är Identitéit beleet

Sidd Dir bis agedroen, da gëllt fir Iech, wéi fir d’Lëtzebuerger och, d’Wahlpflicht. Dëst soulaang bis Dir eng explizit Demande maacht fir aus der Wielerlëscht nees gestrach ze ginn oder bis Dir net méi zu Lëtzebuerg wunnt.

Dir verléiert awer doduerch net Äert Wahlrecht an Ärem Heemechtsland.

Fir weider Informatiounen:

Ech ka wielen