100% Engagement fir ons Natur an Ëmwelt.

Ons Stad ass mënschefrëndlech, wa si ons Natur an Ëmwelt schützt. Eng Stad mat ville grénge Plazen, déi Energie spuert, hir Ëmwelt schount a respektéiert, ass eng Stad wou mir gutt a gesond liewe kënnen. Eng Stad vun där och déi nächst Generatiounen nach profitéiere kënnen.

Mat der CSV wäert(-en):

  • d’Parken an déi gréng Plazen an der Stad nei amenagéiert a propper gehale ginn a weider nei Parken a gréng Plaze geschafe ginn.

D’Stadter Parke ginn zu flotten “lieux de rencontre” gemaach an déi verschidde gréng Ceinturë ginn erweidert a besser matenee verbonnen.

D’Gäert ginn an all hire Formen (Schriewergäert, Privatgäert an och déi kollektiv Gäert vu Residencen) ënnerstëtzt an op Terrainen, déi broch leien an der Stad gehéieren, gi städtesch Gäert (“urban gardening”) a Projetë realiséiert.

D’Stad wäert hir Gebaier méi gréng maachen (vertikel Gäert a Gäert um Daach) an  esou Initiativen och bei private Gebaier ënnerstëtzen.

  • besonnesch an deene scho méi dicht bewunnte Quartieren, déi nach lescht gréng Plazen bestoe bleiwen an fir d’Awunner en valeur gesat ginn.
  • de Prinzip “lokal uplanzen, lokal iessen” (“grow local, buy local”) ënnerstëtzt ginn, andeems d’Stad fir de Besoin vun hire Strukturen a Servicer esou vill wéi méiglech bei de Geméisbaueren aus an ëm der Stad akeeft.
  • een Ofwaasser, inklusiv Waasser dat vun de Stroossen ofleeft, ongekläert an d’Baachen oder d’Flëss, déi duerch Stad lafen, fléissen.
  • d’Weeër duerch de Bësch (z.B. vu Clausen erop op den INS) net méi mat Salz, mee mat Sand gestreet ginn.
  • no an no op méi Elektromobilitéit gesat gi well hei keng gëfteg Stéckoxyder an d’Loft geblose ginn.
  • ëmweltfrëndlecht Liewen a Wunnen ënnerstëtzt ginn.

D’Awunner aus der Stad kréien, niewent den nationale Subside fir thermesch Solarinstallatiounen, der Sanéierung an der Renovatioun vun ale Wunnengen asw., nach finanziell Hëllefe vun der Gemeng bäi (Neibau an Albau).

  • d’Reduktioun vum CO2, Steckoxyden an de Feinstaub eng Haaptprioritéit vun der Stad ginn.

Am Zentrum an an de Quartierë wäert d’Loftqualitéit regelméisseg kontrolléiert z.B. mat Hëllef vu Sensoren, déi op Stroosseluuchten installéiert ginn.

  • d’Stad esou wéi aner europäesch Stied (z.B. Paräis), mat der europäescher Kommissioun eng Konventioun ënnerschreiwe fir op e puer Stroossentrançonen ee Macadamm ze testen, dee manner Kaméidi mécht an d’Loft killt (duerch manner Reiwong vun de Pneuen).
  • de Verbrauch vun der Energie weider reduzéiert ginn.

Den Energieverbrauch vun deenen eenzelen Administratioune vun der Stad gëtt iwwerpréift a wa méiglech erofgesat. D’Entreprisen an der Stad gi besser informéiert, wéi si Energie spuere kënnen.

  • weider Cogeneratiounsunitéitë gebaut ginn, fir datt d’Stad selwer méi Energie produzéiere kann.

D’Stad wäert déi néideg technesch Mesuren huelen (z.B. Smartmeter), fir datt och Appartementshaiser, Privathaiser an d’Ecoquartierë vun der Cogeneratioun profitéiere kënnen.

  • d’Stad op Basis vum Solarkadaster proaktiv agéieren (z.B. bei den “Autorisation de bâtir”) an d’Bierger systematesch iwwer de Sënn an d’Potenzial vu solarthermeschen a photovoltaeschen Installatiounen op hiren Diecher informéieren.
  • den aktuelle Recyclingcenter, wéi geplangt, duerch nei Recyclingcenteren am Westen an am Osten vun der Stad ersat ginn.
  • et an alle Quartierë kleng Recyclingscontainerë ginn, déi am Buedem leien.
  • un engem System geschafft gi fir de Recycling an den Appartementshaiser ze verbesseren.
  • fir all Evenement an der Stad wou Gedrénks verkaaft gëtt, Consigne gefrot ginn.
  • intelligent a spuersam Luuchten a Beliichtong agesat ginn.
  • am Westen vun der Stad een Ecoquartier gebaut ginn (cf. Kapitel iwwert d’Wunnen) deen all méiglech, urban Emwëltaspekter respektéiert.