100% Engagement fir méi Hëllef a Sécherheet.

Ons Stad ass mënschefrëndlech wa bei ons Solidaritéit a Respekt zielen. Béides muss gestäipt a geschützt ginn. Jidder Mënsch huet eng Dignitéit, ee Recht op ee wierdegt, autonomt a séchert Liewen.

Mat der CSV wäert(-en) fir déi vun ons, déi Hëllef brauchen:

  • eng eenzeg Kontakt- a Koordinatiounsplaz geschafe ginn.

Esou eng Plaz kann an de verschiddenste Situatioune hëllefen ewéi z.B. bei administrativen Demarchë fir eng Wunneng oder den RMG ze kréien.

Dës Kontakt- a Koordinatiounsplaz wäert esou organiséiert ginn, datt déi vun ons, déi Hëllef brauchen, an hiren Demarchen begleed an encadréiert gi fir z’evitéieren, datt se sech eleng spieren an ze séier decouragéiert ginn.

  • nom “Housing first”-Modell dofir gesuergt ginn, datt déi vun ons, déi keen Dach iwwert dem Kapp hunn, eng eege Wunneng fannen ouni fir d’éischt mussen an eng vun deene verschiddenen temporären a kollektive Wunnstrukturen ze goen (ewéi z.B. Nuetsquartieren).

Déijeeneg vun ons, déi an esou enger Wunneg liewen, wäerte vun Ufank un encadréiert a bei hiren alldéiglechen Demarchë begleed ginn.

  • d’Wunn- a Hëllefsstrukure méi dezentraliséiert an iwwert Stad, op méi kleng Unitéiten, verdeelt ginn.

Eng “Gettoiséierung” vu soziale Problemer gëtt esou evitéiert an d’Mobilitéit vun de betraffene Persounen ënnerstëtzt. Méi kleng Strukture bidden hinnen och eng méi grouss Privatsphär a méi Sécherheet.

  • Wunnengen, déi eidel stinn an déi der Stad gehéieren, prioritär un déijeeneg vun ons goen déi an Nout sinn.

An deem selwechte Kontext gëtt dofir gesuergt, datt an all Quartier, an net just konzentréiert op e puer Plazen, Sozialwunnengen zur Verfügung sti fir esou déi néideg sozial Mixitéit ze garantéieren an d’Integratioun an deenen eenzelen Quartieren z’ënnerstëtzen.

  • sech mat anere Gemenge verstäerkt concertéiert an Ënnerstëtzung (ewéi Berodung, Erfahrungsaustausch …) ugebuede gi fir am Land nach aner Nuetsfoyeren, Fixerstuffen a Streetworkservicer ze schafen an esou eng méi dezentral Offer vun Hëllefsstrukturen ze kréien.
  • d’Stad allgemengnëtzlech Aarbecht zesumme mat engem Encadrement vun Sozialaarbechter ubidden.
  • de Streetworkservicer weider ausgebaut an d’Zesummenaarbecht vun allen Akteurë gestäerkt ginn.
  • d’Ëmsëtzong vum Sozialplang vun der Stad all Joers evaluéiert an ee Koordinéierungsplang fir déi sozial Servicer gemaach ginn.
  • een “Office vum Benevolat” geschafe gi fir de soziale (an anere) Benevolat duerch gezielt Aktiounen ze promouvéieren an den néidegen Encadrement unzebidden (ewéi z.B. Formatiounen a Begleedung).

Mat der CSV wäert(-en) fir ons Sécherheet:

  • an de Quartierë weider eng staark Präsenz vun der Police ginn, sief dat um Niveau vun de “commissariats de proximité” oder duerch regelméisseg Patrullen.

D’Stad wäert sech um nationale Niveau dofir asetzen, datt et an der Stad genuch Poliziste ginn an zesumme mat der Police kucken, datt d’ “commissariats de proximité” fir d’Awunner attraktiv Ëffnongszäiten hunn.

  • d’”agents municipaux” méi Kompetenze kréien an z.B. an Zukunft Infraktioune géint Gemengereglementer feststellen an administrativ Strofe kënne ginn.

D’Beamte wäerte fir dës nei Kompetenzen eng Formatioun kréien.

  • d’Stad sech um nationale Niveau dofir asetzen, datt d’Police d’Recht kritt mat engem “Platzverweis” op Verstéiss géint déi ëffentlech Uerdnung ze reagéieren.

Mat dëser Mesure kritt d’Police eng Méiglechkeet, fir am ëffentleche Raum fir géigesäitege Respekt, Rou a Sécherheet ze suergen.

  • präventiv Mesurë vun der Police ënnerstëtzen.

z.B. Informatiounen iwwert wéi ee säin Doheem am beschte géint Abrech schützen oder der Police Bescheed soe kann, wann een an d’Vakanz fiert.

  • eng Enquête bei den Awunner vun der Stad gemaach ginn, fir gewuer ze gi wat fir si déi Plazen an der Stad sinn, wou si sech net sécher spieren.

Dës Enquête soll der Stad hëllefe fir punktuell Mesuren ze ergräife wéi z.B. eng besser Beliichtung oder en Reamenagement vun de concernéierte Plazen.

  • d’Videosurveillance op Plazen, wou et Sënn mécht, ausgebaut gëtt.

z.B. och deen ënneschten Deel vum Stadter Park ronderëm déi grouss Spillplaz oder d’Garer Schoul/d’Stroosbuerger Plaz.

  • d’Stad sech um nationale Niveau dofir asetzen, datt d’Police mat anere Länner zesummeschafft fir organiséiert kriminell Banden ze bekämpfen.

z.B. méi mat der rumänescher Police wéinst den organiséierte rumäneschen Heescherbanden.

  • d’Stad dofir suergen, datt all gréissert Evenement gutt geschützt an d’Accèsë barricadéiert ginn.
  • den Accès zu de Foussgängerzonen an der Stad mat beweegleche Barrièren (Bornen) zougemaach ginn.
  • gezielt kleng privat Initiativen ënnerstëtzt ginn (wéi z.B. Quartiers- oder Nopeschfester), déi fir manner Anonymitéit a méi Solidaritéit tëschent Nopere suergen.

Dëst stäerkt d’Liewensqualitéit an d’Sécherheetsgefill. D’Quartiersstuffe sinn een anert Mëttel fir d’Solidaritéit an d’Sécherheet tëschent Noperen ze stäerken.

  • onsécher Plazen, nei amenagéiert, propper gehalen a besser beliicht ginn.
  • op geeegnete Plazen Noutfallbornen (mat Defibrilator, Noutfallruf, …) installéiert ginn.