100% Engagement fir onser Jugend a jonke Familljen een Doheem ze ginn.

Ons Stad ass mënschefrëndlech, wann och ons Jugend a jonk Famillje weider hei wunne bleiwe kënnen. Anengems erlaben déi héich Präisser um fräie Maart ville vun ons et net méi eng Wunneng ze kafen oder ze lounen.

D’Stad muss dofir hir sozial Verantwortong iwwerhuelen a selwer vill méi aktiv ginn. De Bau vu Wunnenge kann net méi quasi eleng dem private Maart iwwerlooss ginn.

Mat der CSV wäert(-en):

  • d’Stad selwer vill méi Wunnenge baue wéi bis elo.

De Bau vu neie Wunnenge gëtt an den nächste 6 Joer eng absolut Prioritéit vun der Stad. Déi Wunnenge ginn zu engem abordabele Präis verlount (sozial Mietwunnengen) oder verkaft (subventionnéiert Wunnengen).

D’Stad gëtt “maître d’ouvrage” (Bauhär) vun dëse Wunnengsprojeten an iwwerhëllt esou hir Verantwortung a sozial Funktioun als “promoteur public”. Fir dës Wunnengen ze plangen, ze bauen an ze finanzéieren, kann d’Stad sech op hir kompetent Servicer an hir finanziell Reserve stäipen.

Anengems wäert d’Stad déi staatlech Hëllefe vum Gesetz “Pacte logement” an dem  Gesetz “Aide au logement”, konsequent notzen. Wéi all aner Gemeng kann d’Stad hei z.B. tëschent 50% an 75% vun de Käschte fir de Bau vu Wunnenge vum Staat zeréckbezuelt kréien an de “bail emphytéotique”, den “droit de superficie” an den “droit de prééemption” notzen.

  • d’Stad nei Terrainë kafe fir selwer Wunnenge kënnen ze bauen.

D’Stad wäert nei Terrainë kafen, déi am Bauperimeter,dee besteet, leien oder un de Perimeter grenzen an hei gréisser Wunnengsprojetë plangen a réaliséieren.

Nei Terrainë wäerten och iwwert d’Erschléissong vun neiem Bauland (PAP-NQ) kaaft ginn. Hei kann d’Stad z.B. zesumme mat deenen anere Proprietairen ee “remembrement urbain” maachen an an deem Kader zu engem festgesate Präis op mannst 10% vun Terrainen (Gesetz Pacte Logement) kafen a selwer Wunnengen drop bauen.

Anengems ginn och weider Baulücken a Wunnengen, déi et elo scho ginn, kaaft. Dës ginn da bebaut respektiv zu soziale Mietwunnengen ëm- an ausgebaut.

  • nei Wunnenge prioritaire op deene grousse Fläche gebaut ginn, déi et an der Stad nach gëtt (um Kierchbierg, am Westen vu der Stad).

Hei ginn nei Quartierë mat engem méi urbanen an nohaltege Wunne geschafen. Mat allen Infrastrukturen, Strukturen an Equipementer, déi dozou gehéieren.

Een neien Ecoquartier, mat vill neie Wunnengen a mat der néideger sozialer a funktioneller Mixitéit, wäert an der Verlängerong vun der “Porte de Hollerich”  (a kloer vun Zéisseng getrennt) gebaut ginn.

Dësen Ecoquartier wäert sech un deenen héchsten, internationale Standarden a Punkto CO2 Neutralitéit, Baumaterialien, Modelsplit, Offallgestioun a Recycling orientéieren an nei urbanistesch an architektonesch Akkzenter an der Stad setzen. D’urban Ecologie an innovativ Approchen (energetesch zoue Systemer, “circular economy”, “urban gardening”, begréngte Fassaden, …) wäerten am Mëttelpunkt stoen. 

  • déi Quartieren, déi bestinn, méi moderat wuesse fir hir Liewensqualitéit ze erhalen.

D’Quartieren, déi sech an de leschte Joere besonnesch dynamesch entwéckelt hunn a wou et net méi vill fräi a gréng Plaze gëtt, wäerte manner séier wuessen.

Där aktueller Verkéierssituatioun gëtt Rechnung gedroen, fir de Wunnengsbau net a Quartierë virunzedreiwen, déi elo schon am Verkéier ënnerginn.

D’Baulückepolitik huet hir Limiten: eng ze grouss Noverdichtung a Quartieren, déi bestinn, setzt d’Liewensqualitéit op d’Spill.

  • déi urban Entwécklung sech an de Bestand vun den eenzelen Quartieren harmonesch integréieren a prioritär op eng héich Wunnqualitéit gesat ginn.

Ee Quartier vun der Stad soll schon eng méi héich Densitéit vu Wunnengen hunn, mä net wéi dat an internationale Groussstied de Fall ass. Et wäert festgehale ginn um bewäerte Modell vun enger gudder Mëschung aus Reienhaiser a klengen bis mëttelgrousse Residenzen (z.B. ewéi um Lampertsbierg, Belair oder zu Bouneweg). Dëse Modell erlaabt eng Densitéit vu ronn 70 Wunnenge pro Hektar an déi néideg héich Liewensqualitéit, besonnesch fir Famillje mat Kanner.

Dëst verhënnert natierlech net , datt een a gréissere „quartiers mixtes“, a besonnesch a groussen neie Quartieren, wéi um Kierchbierg, am Ban de Gasperich, op der “Porte de Hollerich” oder och op der Gare, méi dicht a wéi an enger Groussstad baue kann (100-200 Wunnengen pro Hektar).

  • d’Stad weider intensiv mat aneren ëffentleche Promoteuren zesummenschaffe fir méi abordabel Wunnengen um Territoire vun der Stad ze bauen.

D’Stad wäert zesumme mam Fonds de Logement, der Société nationale d’habitations bon marché (SNHBM) an dem Fonds d’urbanisation et d’aménagement du Kirchberg (FUAK) ee Plang opstelle fir de Bau vun abordabele Wunnenge fir déi nächste 15-20 Joer.

Hei gëtt sech net méi eleng op Baulücke konzentréiert, mä besonnesch op gréisser Terrainen, déi mam néidege soziale Mix urbaniséiert ginn, fir esou d’Baukäschte pro Wunnfläch ze reduzéieren.

Um Kierchbierg (mat Hëllef vum FUAK) an och um an ronderëm de Ban de Gasperich wäerte méi Wunnenge gebaut ginn. Hei ginn et zevill Aarbechtsplaze par rapport zu der Zuel vu Wunnengen.

  • méi enk mat de Nopeschgemenge geschafft gi fir méi abordabel Wunnengen ze bauen.

Eng enk Zesummenaarbecht vun der Stad mat all hire Nopeschgemengen erlaabt um Niveau vun der Agglomeratioun Terrainë mobiliséiert ze kréien, déi eng eenzel Gemeng wuel net bebaue wäert.

Niewend dem Bau vu Wunnenge wäerten an Zukunft all d’Gemengen vun der Agglomeratioun vun der Stad Lëtzebuerg och an anere wichtege Beräicher (z.B. Mobilitéit, Aarbechtsplazen)  méi zesummeschaffen an hir Entwécklong zesumme plangen a steieren.

  • an de “zones mixtes” d’Zuel vu Wunnenge par rapport zu aneren Aktivitéiten (z.B. Aarbechtsplazen) an d’Luucht gesat ginn.

Hei geet den neie PAG net wäit genuch.

  • de Plan d’aménagement général (PAG) vun der Stad an den nächste 6 Joer gezielt verbessert an ugepasst ginn.

Also net ewéi dat vum Gesetz virgeschriwwen ass, eréischt no 6 Joer. D’Entwécklong an den Territoire vun der Stad sinn ze grouss fir de PAG just eemol all 6 Joer op de Leescht ze huelen.

Bannent de 6 Joer de PAG méi dacks punktuell unzepassen, erlaabt de Gemengeservicer hir Aarbecht besser anzedeelen a gëtt der Gemeng méi Zäit fir op den Awunner hir konkret Reklamatiounen a Virschléi ze lauschteren an anzegoen. Nëmme mat dëser Approche kann der séierer Entwécklong vun der Stad besser Rechnung gedroen an fir déi néideg urbanistesch Kohärenz gesuergt ginn. Eng mënschefrëndlech Stad setzt sech net iwwert de Kapp vun den Awunner ewech, mee schafft mat hinnen zesummen.

  • bei all gréissere Lotissement de Besoin u wichtegen Infrastrukture scho virdrun an engem Bauprogramm festgeluecht a geplangt ginn (z.B. Crèchen, Schoulen, Spillplazen, Jugendhaiser, klenge Commerce).

Anengems wäert d’Amenagéiere vu convivialen, ëffentleche Plaze prioritär behandelt an d’Accessibilitéit an d’Qualitéit vun der multimodaler Mobilitéit garantéiert ginn.

Een detailléierte Plang vun alle Strukturen an Equipementer, déi fir d’Awunner wichteg sinn, erlaabt am viraus ze gesinn, wat, wou, ënner wei enge Konditiounen an Zukunft gebraucht gëtt. D’Finanze vun der Stad ginn esou net onnéideg belaascht an d’Liewensqualitéit an d’Qualitéit vun der Mobilitéit an de Quartierë gi garantéiert.

  • wa Wunnenge gebaut ginn, d’Koordinatioun vun de Chantierë verbessert ginn, fir datt et an deem concernéierte Quartier net zu enger onnéideger Belaschtung vun der Liewensqualitéit an dem Verkéier kënnt.
  • de Bau vu behënnertegerechte Wunnengen an d’construction préventive ënnerstëtzt ginn, andeems d’Stad dofir suergt, datt bei neie Appartementshaiser, déi néideg Mesuren an de Cahier des Charges komme mussen, sou wéi dat gesetzlech gereegelt soll ginn.