100% Engagement fir eng attraktiv Aarbechtsplaz.

Ons Stad ass mënschefrëndlech, wa si weider national an international eng attraktiv Plaz fir ze schaffen ass.

An engems soll dëst awer am Respekt vun der Liewens- a Wunnqualitéit an der Stad geschéien. Dofir musse vill méi Leit, déi  an der Stad schaffen, och do wunnen.

Ons Stad brauch eng breed wirtschaftlech Offer: niewend dem Déngschtleeschtungssecteur ronderëm d’Finanzplaz, de grousse staatlechen an europäeschen Institutiounen, mussen och méi kléng a mëttelgrouss Entreprisen eng Plaz an der Stad hunn. A ganz besonnesch nei, kreativ an innovativ Start-upen.

Fir d’Liewensqualitéit an de Quartieren ze garantéieren, sollen nei Aarbechtsplazen  haaptsächlech an den aktuelle wirtschaftlechen Entwécklungszentre vun der Stad entstoen (Kierchbierg, Uewerstad, Gare, Hollerech, Cloche d’Or a Ban de Gasperich). Dës Plaze mussen an Zukunft nach besser un den ëffentlechen Transport ugebonne ginn.

Mat der CSV wäert(-en):

  • eng nei consultativ Gemengecommissioun “Wirtschaft” geschafe ginn.

Dës nei Gemengecommissioun beréit d’Stad ënnert anerem wéi si sech, am Respekt vun der Liewens- a Wunnqualitéit, als Wirtschaftsplaz weiderentwéckele kann (z.B. iwwert de Wee vu Promotioun, Steierpolitik, neien Initiativen).

  • nei Aarbechtsplazen duerch d’Ënnerstëtze vu Start-Upen geschafe ginn.

Dat aalt Schluechthaus zu Hollerech wäert vun der Stad an ee Site fir kreativ an innovativ Start-Upen verwandelt gi mat gënschtege Bureauen, Co-Workingréim, Reuniouns- a Konferenzsäll.

  • dofir gesuergt ginn, datt artisanal a liicht industriell Entreprisen, déi an der Stad Lëtzebuerg leien, all gutt ze erreeche sinn.

Doduerch soll verhënnert ginn, datt dës Entreprisen een nom aneren aus der Stad op déi gréng Wiss plënneren. Dofir ginn och Aktivitéitszonen an hir Offer u Bureausplazen op de Leescht geholl.

Klassesch Aktivitéitszone solle fir Net-Büreausentreprise reservéiert ginn (z.B. fir den Artisanat), fir ze verhënneren, datt si an eng hoffnungslos Präiskonkurrenz mat Bürosentreprise geroden a gezwonge ginn aus der Stad ze plënneren.

Dofir wäert nach méi enk mat de Nopeschgemengen zesummegeschafft gi fir z.B. hannert dem Märeler Kierfecht a laanscht dee geplangte Boulevard de Merl eng grouss, modern a gutt un de Verkéier ugeschlosse regional Aktivitéitszone fir dës Zort vun Entreprisen z’amenagéieren.

  • den ambitiéise Projet vum Iwwerdaache vun der Gare centrale nach eng Kéier op de Leescht geholl ginn.

Dat besonnesch am Kader vum Amenagement vun den neien, supplementäre Quaien. Dëse Projet géif de Garer Quartier net nëmmen harmonesch mat Bouneweeg verbannen, béid Quartieren urbanistesch revaleuriséieren, mä hei kéint och eng héich Densitéit un Aarbechtsplazen entstoen.

  • fir déi wirtschaftlech Konkurrenz am Sënn vun enger gesonder an intelligenter Landes- a Verkéiersplanung ze begleeden, méi enk mat den Nopeschgemenge vun der Stad zesummengeschafft ginn.

Déi fräiwëlleg Zesummenaarbecht op Basis vun de “Conventions Etat-communes”, wéi zB. der sougenannter “DICI-Conventioun” am Südwesten vun der Stad, gëtt ausgebaut a strukturell op ee méi fest Fundament gestallt.

Dofir gëtt ee Syndicat à vocation multiple mat de Nopeschgemenge geschafe fir d’Agglomeratioun vun der Stad um Niveau vun der Landesplanong an der Mobilitéit zesummen, effikass z’entwéckelen an déi duerch d’Konkurrenz bedéngten, kontraproduktiv Niewewierkungen, op e Minimum ze reduzéieren.

  • an Zukunft an de Wunnquartieren nëmme nach Aarbechsplazen entstoen, déi un de Quartier gebonne sinn an déi net op d’Käschte vun der Liewensqualitéit ginn.
  • fir behënnert Matbierger d’Accessibilitéit op der Aarbecht duerch systematesch behënnertegerecht Mesuren an de Bürosgebaier verbessert ginn.

Accessibel Parkplazen, Toiletten a Büroë mussen op der Aarbechtsplaz geschafe ginn. Och d’Fluchtweeër an den Bürosgebäier musse behënnertegerecht gemaach ginn.