100% Engagement fir eng Mobilitéit, déi net stoe bleift.

Ons Stad ass mënschefrëndlech, wa mir ons entspant, sécher a wann néideg séier beweege kënnen. Anengems geet hautdësdags an onser Stad dacks näischt méi hannertzeg nach vijhenzeg. Et kommen all Dag vill méi Leit bei ons schaffen ewéi datt der bei ons wunnen. 2016 sinn et an onser Stad 170.000 Aarbechtsplazen an 115.000 Awunner ginn.

Dëst Ongläichgewiicht féiert zu deem villen Trafic an de sëlleche Chantieren an der Stad. D’Liewensqualitéit huet an onser Stad doduerch an de leschte Joeren ofgeholl.

Ons nees méi ze beweegen an an onsem Alldag manner Stress duerch manner Stau ze hunn, Dag fir Dag manner onnéideg Zäit ze verléieren, heescht Wunnen a Schaffe beieneen ze bréngen. Dat geet nëmmen, wa méi, a besonnesch méi abordabel, Wunnengen an der Stad gebaut ginn.

Anengems muss d’Stad zesumme mat der Regierong an de Noppeschgemengen all d’Forme vu Mobilitéit ausbauen. Net stur a mam Kapp duerch d‘Mauer, mä all Kéiers do, wou se Sënn maachen. Mir brauche fir jidderee vun ons déi richteg Offer op der richteger Plaz.

Dofir muss d’Mobilitéitskonzept “MoDu”  (Mobilité durable), dat vun der CSV an der leschter Regierong ausgeschafft ginn ass, net nëmme séier ëmgesat, mä och weiderentwéckelt ginn. Dat mat Hëllef vu couragéierte Mesuren, déi dem staarke Wuesstem vun de nächste 15-20 Joer gerecht ginn.

Mat der CSV wäert(-en) fir de Foussgänger:

  • an de Quartierë vun der Stad breet genuch, sécher a gutt beliichten Trottoiren a Foussgängersträife amenagéiert ginn.
  • d’Trottoire flaach gemaach a net mat Stroossemiwwelen (ewéi z.B. Bänken, Poteauen, Poubellen …) a Stroosseschëlter zougestallt ginn.
  • d’Zufoussgoe méi séier ginn, andeems iwwerall wou et méiglech ass, Stroosse queesch mat Weeër verbonne ginn.
  • an neie Quartierë vun Ufank u Weeër amenagéiert ginn, fir den ëffentlechen Transport zu Fouss um kierzste Wee z’ereechen.
  • Trottoiren a Velospiste kloer vun enee getrennt ginn, och an de Stadter Parken, fir datt Foussgänger a Velosfuerer sech sécher beweege kënnen.
  • de Prinzip vum “trottoir traversant”, wou et Sënn mécht, agefouert ginn : wann Trottoiren a Strooss sech kräizen, gëtt d’Strooss ënnerbrach an den Trottoir geet weider an net ëmgedréint, ewéi bis elo.
  • de “shared space” no an no am Stadzentrum (z.B. an der Ënneschtgaass, um Gruef) an am Zentrum vun de Quartieren ausgebaut ginn.
  • den historesche Kär vun der Stad (Fleeschiergaass, Um Rouscht, Niklosgaass) verstäerkt fir de Foussgänger reservéiert ginn.
  • d’rout Luuchten esou geschallt ginn, fir datt d’Foussgänger manner laang waarde musse fir kënnen iwwert d’Strooss ze goen.
  • bei ganz breede Stroossen, niewent de roude Luuchten, Aueren opgeriicht ginn, déi dem Foussgänger weisen, wéi laang d’Luuchte nach gréng oder rout sinn (z.B. an der Neier Avenue oder der Avenue Kennedy).
  • Stroossen een Trottoir kréien, laanscht déi et bis elo keen Troittoir gëtt.
  • bei all gréisserem Chantier systematesch ee provisoreschen, sécheren Trottoir (respektiv eng Velospiste) amenagéiert ginn.
  • eemol am Mount ee Sonnden ouni Auto an der Stad ginn, wou eng Rei grouss Stroossen (z.B. d’Nei Avenue an de Boulvard Royal) gespaart a fir Foussgänger a Velosfuerer reservéiert sinn.

Mat der CSV wäert(-en) fir de Velo:

  • endlech um ganze Territoire vu der Stad, ee Reseau vu zesummenhängenden a séchere Velospisten amenagéiert ginn.

De Velo ka sech an onsem Alldag als wierklecht Verkéiersmëttel nëmmen duerchsetzen, wann e sech net eleng op ee Veloslocatiounssystem, mä op eng gutt Velosinfrasktruktur stäipt. Als vulnerabele Member am Verkéier (genee ewéi d’Foussgänger) musse sech d’Velosfuerer sécher an net permanent gestresst spieren. Dëst gëllt ganz besonnesch fir ons eeler Matbierger a fir ons Kanner. Nëmmen esou wäerte vill méi vun ons am Alldag mam Velo fueren.

Dofir wäerten iwwerall do, wou et Sënn mécht, vun der Strooss (an dem Trottoir) getrennten a gutt beliicht Velospisten amenagéiert ginn. Op kritesche Plaze kënnen z.B. Parksträifen, déi bestinn an  déi laanscht Trottoiren agezeechent sinn, duerch Velospisten ersat ginn (cf. Punkt „Fir ze parken“). Sou kënnen dann endlech wichteg Deeler vu Velospisten, déi bis haut feelen, amenagéiert ginn.

D’Orientéierong vum Velosfuerer wäert duerch eng gutt Beschëlderong a Markéierong an duerch logesch Tracéë verbessert ginn. Ee Guidagesystem iwwert d’Velospiste wäert an déi aktuell Staadter App agebaut ginn.

  • zwou zentral Velospisten amenagéiert ginn, déi vu Norden no Süden a vun Westen no Osten queesch duerch d’Stad ginn.
  • all d’Quartieren duerch méiglechst kuerz a sécher Velospiste mam Zentrum ugebonnen a matenee verbonne ginn.

Ob verschidde Quartieren am beschte mat Brécken, Lifter asw.  verbonne ginn, gëtt vu Fall zu Fall iwwerpréift.

Beim Projet vun der Bréck iwwert d’Neiduerf ass fir ons wichteg, datt all Projet just am Dialog mat den Awunner a mam Accord vun all de concernéierten, lokalen Interesseveräiner ëmgesat gëtt; datt eng Léisung gesicht gëtt, déi finanziell raisonnabel a laangfristeg effikass a sënnvoll ass; datt als direkt Mesuren d’Bussen op de Strecke fir an déi Quartieren equipéiert gi fir wierklech Veloe kënnen ze transportéieren.

  • interkommunal Velosstroossen aus der Agglomératioun (an dodriwwer eraus) an d’Stad eran aménagéiert ginn op deenen niewend dem normale Velo an dem E-Bike och de Pedélec (elektresch Mobilette) circuléiere kann.

Esou kéint fir déi sëlleche Navetteuren, eng méi attraktiv, ëmweltfrëndlech Alternativ zum Privatauto entstoen.

  • de kommerzielle Locatiounssystem vu Veloen an der Stad Lëtzebuerg no an no op E-Biken ëmgestallt ginn, déi dann och an der ganzer Agglomeratioun vun der Stad kënne benotzt ginn.

De Velolocatiounssystem gëtt net nëmmen un de leschte Stand vun der Technik ugepasst andeems och E-Biken ugebuede ginn, mee et wäert och verhënnert ginn, datt esou e System als Publicitéitsfläch gebraucht gëtt an et doduerch zu enger visueller Verknaschtong vun onser Stad kënnt, esou ewéi dat haut de Fall ass.

De Veloslocatiounsystem soll vun der Stad selwer, an Zesummenaarbecht mat de Noopeschgemengen an engem spézialiséierten Acteur, geréiert a koordinéiert ginn.

  • méi Velosparkingen an der Stad amenagéiert ginn.

An all gréisserem ëffentleche Parking gëtt am Entréesberäich en Deel fir Veloe reservéiert (och d’Motorrieder ginn net vergiess).

All d’P&Riden an der Stad kréien ee Park&Bike bäi, fir vum Auto op de Velo (Privat- oder Locatiounsvelo) kënnen ëmzeklammen.

Och no un den Alldagsdestinatiounen, ewéi de Crèchen, Foyeren, Schoulen, Spillplazen, dem Biergerzenter oder dem lokale Commerce, wäerte méi Velosparkinger entstoen. D’Patronen an Entreprise gi sensibiliséiert a berode fir an a bei hire Gebaier, Parkplaze fir d’Veloe vun hire Mataarbechter z’amenagéieren.

  • d’Bussen an den Tram esou amenagéiert ginn, datt si de Velo mathuele kënnen.
  • D’App vun der Stad staark weiderentwéckelt gëtt mat engem Guidagesystem fir de Velosfuerer, engem Iwwerbléck op d’Velospisten an déi noste Veloslocatiounstatioun, Velosparking a Statioun fir E-Biken opzelueden.
  • Servicestrukture fir d’Velosfuerer gebaut ginn (z.B. Pompelen, Velosatelieren, Foussstäipe bei roude Luuchten, Waasserdistributeuren, Statioune fir E-Biken opzelueden).

Dozou gehéiert och d’Méiglechkeete fir eng Douche ze huelen méi bekannt ze maachen, an d’Entreprisen/d’Patronen ze sensibiliséieren, besonnesch bei neien, gréissere Bürosgebaier, esou Equipementer/Servicer fir hir Mataarbechter virzegesinn.

  • d’Entreprisen, a besonnesch déi, déi vill Leit an der Stad beschäftegen, matagebonne fir mat hinnen zesumme Mesuren ze huelen fir aus der Stad eng velosfrëndlech Stad ze maachen.
  • zesumme mam Staat eng Mediencampagne gemaach ginn, fir d’Autosfuerer ze sensibiliséieren op d’Foussgänger an d’Velosfuerer opzepassen.
  • am Wanter d’Velospisten séier vu Schnéi an Äis befreit ginn.

Mat der CSV wäert(-en) fir de Bus:

  • op den Haaptverkéiersstroossen, déi an d’Stad eraginn an op deenen den Tram net fiert, prioritär Busspueren agefouert ginn, fir datt d’Busse méi séier wéi den Autosverkéier an den Zentrum eran- an erauskommen.

Op enger Rei wichtegen Achsen (z.B. der Lonkécher-, der Tréierer-, der Diddenuewener- oder der Escherstrooss) kéinten BHNS-Linnen (bus à haut niveau de service) wéi den Eurobus um Kierchbierg, agesat ginn.

Do, wou et net méiglech ass Busspuren an déi zwou Richtungen ze amenagéieren, sollen zentral Busspuren amenagéiert ginn, déi hir Richtong un de Floss vum Haaptverkéier upassen. Esou modulabel Spuere kéinten an enger éischter Phase am Houwaldter- an Eecherbierg entstoen.

  • eng zirkulär Buslinn getest ginn, wou Bussen, ouni duerch de Stadzentrum ze fueren, déi eenzel Quartierë matenee verbannen.

Esou eng Linn kéint Bouneweg-Hamm-Cents-Kierchbierg-Dummeldeng a Gare-Houwald-Gaasperech-Zéisseng-Hollerech-Belair-Lampertsbierg-Dummeldeng matenee verbannen.

  • mam progressiven Ausbau vum Tram, d’Buslinne vun der Stad esou fonktionnéieren, datt si all d’Quartierë gutt un déi geplangte Plaze fir vum Bus op den Tram/Zuch ëmzeklammen (pôles d’échanges) ubannen.
  • d’Frequenz vun de Bussen owes an d’Luucht gesat gi fir den ëffentlechen Transport fir déi Leit, déi mam Bus op Aarbecht fueren, méi attraktiv ze maachen an esou och déi geplangte Reduktioun vu regionale Bussen ze kompenséieren.
  • Samschdes, Sonndes an op Feierdeeg d’Frequenz op deene Linnen eropgesat ginn, déi wichteg Infrastrukturen ubannen (z.B. de Fluchhafen oder de Centre Hospitalier), fir datt Leit, déi keen Auto hunn oder wëllen, sech och op dësen Deeg séier beweege kënnen.
  • d’Late-Night-Bussen an enger Testphase och Mëttwochs an Donneschdes fueren.
  • d’Méiglechkeet iwwerpréift gi fir ënnert der Stäereplaz eng modern Busgare ze bauen.
  • méi elektresch Bussen op deene verschiddene Linnen agesat ginn.
  • d’Busarrêtë méi attraktiv a fir jiddereen accessibel gemaach ginn.

An de Bushaisercher wäerte Bänken, Poubellen, Billjetsautomaten einfach an iwwersiichtlech Linnen- an Zäitpläng vun de Bussen a méi Informatiounen iwwert d’Quartiers- respektiv d’Stadliewen ze fanne sinn.

Mat der CSV wäert(-en) fir den Tram:

  • den Tracé vum Tram séier vum Glacis bis op d’Gare an vun der Gare bis an de Ban de Gasperich an op d’Cloche d’Or verlängert ginn, fir datt de Gros vun den Navetteuren, déi mam Zuch an d’Stad kommen direkt un den Tram ugebonne ginn.

Dofir gëtt no Weeër gekuckt wéi de Chantier, op der Haaptlinn, Dag a Nuecht fonctionnéiere kéint.

  • beim Bau vun dëser Haaptlinn vum Tram dofir gesuergt ginn, datt d’Koordinatioun vun de Chantieren effikass a performant ass.

All onnëtz Belaaschtung vun den Awunner an de Geschäftsleit, besonnesch an de betraffene Quartieren, gëtt op e Minimum reduzéiert.

Fir ze verhënneren, datt duerch de Bau vun der Haaptlinn vum Tram de Verkéier am Stadzentrum komplett zesummebrécht, gëtt all anere Chantier an der Noperschaft, dee net onbedéngt néideg ass, no hanne verluecht.

Fir déi schwierech Chantiersphase vum Tram muss och onbedéngt e valable Plang fir d’Mobilité douce ausgeschafft an ëmgesat ginn. An deem Kader, a wéinst deene villen anere Chantieren an der Stad, mussen och behënnertegerecht, alternativ Weeër virgesi ginn. Am Moment ass et als Persounen à mobilité réduite, als Senior oder mat enger Kannerkutsch, dacks net méiglech fir sech sécher an der Stad ze deplacéieren. Et ginn keng alternativ Weeër an et gëtt net genuch Sécherheet well ee gezwongen ass fir iwwert Strooss ze fueren/goen.

  • d’Geschäftsleit, déi duerch den Tramschantier geschiedegt ginn, no kloer definéierte Critèren entschiedegt ginn.
  • déi nei Quartieren, déi am Westen vun der Stad an um Kierchbierg entstoe sollen, un den Tram ugebonne ginn.
  • op Basis vum “MoDu”, zesumme mat den Nopeschgemengen an der Regierong, den Tram sou séier wei méiglech an d’westlech Agglomeratioun (Bartreng/Stroossen/Mamer/Leideléng a villäicht doriwer eraus) vun der Stad ausgebaut ginn.
  • iwwerpréift ginn, ob den Tram och an déi östlech Agglomeratioun vun der Stad (a Richtung Nidderaanwen a Sandweiler) soll verlängert ginn.

Mat der CSV wäert(-en) fir den Zuch:

  • prioritär den Arrêt Hollerech zu engem pôle d’échanges ëmgebaut ginn an eng nei Gare périphérique “Porte de Hollerich” mat pôle d’échanges geplangt a gebaut ginn.

Mat dëser neier Gare gëtt deen neie Quartier, deen am Westen vun der Stad geplangt ass, un den ëffentlechen Transport ugebonnen.

  • d’Gare centrale entlaascht ginn, andeems den Houwalder Arrêt an déi nei Gare “Porte de Hollerich” mat Hëllef vun engem By-pass direkt matenee verbonne ginn.

D’Zich aus Direktioun Frankräich an dem Süden vum Land respektiv aus der Belsch an dem Westen vum Land brauchen dann net méi all iwwert d’Haaptgare ze fueren.

  • iwwerpréift ginn ob ënnert dem Rumm-Plateau e weidere By-pass vun der Gare centrale, tëscht der Tréierer Streck an der Nordstreck, gebaut ka ginn.

D’Zich aus Däitschland an dem Osten vum Land kéinten esou direkt bis op den Arrêt Pafendall-Kierchbierg fueren an déi vill Navetteure méi séier op de Kierchbierg kommen.

  • d’Gare vun Dummeldeng ausgebaut ginn, fir datt déi Zich, déi aus dem Süden kommen an um Arrêt Pafendall-Kierchbierg stoe bleiwen, nees ëmdréine kënnen.

Dësen Ausbau kéint eventuell op den Terrainë vun der Dummeldénger Industriefriche geschéien an den Ufank vum Reamenagement vun dësem wichtege Site alauden.

  • mat der Regierong gekuckt ginn, datt d’Zich vun der CFL mat ëffentlechem Wifi equipéiert ginn.

Mat der CSV wäert(-en) fir den Auto:

  • esou vill ewéi méiglech Verkéier aus de Wunnquartieren erausgehale ginn an d’Haaptstroosse vun der Stad Lëtzebuerg mat Hëllef vun engem Réseau vu Contournements- an Verbindungsstroossen entlaascht ginn.

D’Haaptzil ass et déi Contournement- an Verbindungsstroossen (z.B. Boulevard de Merl a Boulevard de Cessange) ze notzen, fir déi eenzel Entwécklungszentre vun der Stad besser mateneen ze verbannen an doduerch ze verhënneren, datt dee ganze Verkéier duerch d’Wunnquartieren an de Stadzentrum fuere muss.

Anengems geet et och drëms, déi geplangten, nei Quartieren am Westen vun der Stad gutt unzebannen an am Stadzentrum déi néideg Plaz fir déi douce Mobilitéit an den ëffentlechen Transport ze kréien.

An de Wunnquartierë wäerte fir den Duerchgangsverkéier erof- an d’Liewensqualitéit nees eropzesetzen, eng Rei Mesuren ëmgesat ginn, wéi z.B. d’Kappe vu Wunnstroossen oder dissuasiv Systemer vun Sens-uniqueën.

  • d’”Zonen 30” an de Wunnquartierë weider ausbauen an déi Zonen esou amenagéiert ginn, datt d’Autosfuerer un d’Vitesselimite erënnert ginn (pädagogesche Radar) an sech un dës hale mussen.
  • laanscht d’Autobunne Schutzmauere gebaut, fir datt déi Quartierë vun der Stad, déi dodru leien, de Kaméidi net matkréien.
  • de Prinzip vum Autodeelen (Carpooling) ënnerstëtzt ginn, fir datt méi Léit zesumme mat engem Auto an d’Stad fueren.
  • de Carsharingsystem ausgebaut a méi Statioune fir Elektroautoen opzelueden, gebaut ginn, ewéi och an d’App vun der Stad integréiert ginn.
  • d’Autoen, déi der Stad Lëtzebuerg gehéieren, no an no duerch Elektroautoen ersat ginn.
  • déi Awunner, déi keen Auto hunn, ee gratis M-Pass an all neien Awunner een M-Pass fir ee Mount geschenkt kréien.

Mat der CSV wäert(-en) fir ze parken:

  • méi d’Kuerzzäitparkplazen amenagéiert an d’Parkingen an der Stad moderniséiert, propper gehalen a mat genormte Behënnerteparkplazen equipéiert ginn.

Dat heitegt Parkingskonzept ass fir Kuerzzäitparker net attraktiv genuch, besonnesch fir déi Leit, déi an d’Stad akafe komme wëllen. Et feelt, am Verglach zu de groussen Akafszentre ronderëm d’Stad, un einfach accessibelen a gënschtege Parkplazen. Dofir wäert iwwerpréift ginn, ob ënnert engem Deel vum Glacis de Parking ausgebaut an de Glacis zu enger attraktiver, multifunktioneller an urbaner Plaz ëmgebaut ka ginn. De Glacis kéint esou amenagéiert ginn, datt anengems d’Fouer hir Plaz an der Stad behält an d’Awunner erëm vun der Plaz profitéiere kënnen.

  • an Zukunft am Zentrum vun der Stad an an ëffentlechen, ënnerierdesche Parkingen oder Parkhaiser manner Parkplaze fir Leit, déi an d’Stad schaffe kommen, reservéiert ginn.

Dës Parkplaze sollen nees prioritär fir d’Kuerzzäitparken a fir d’Awunner aus dem Quartier disponibel sinn.

  • de Parkplazeninformatiounssystem esou ausgebaut ginn, datt déi Leit, déi an der Strooss oder an engem Parkhaus eng fräi Plaz sichen, déi néideg Informatiounen op hiren Handy oder op hiren GPS geschéckt kréien an esou um direkteste Wee op déi fräi Plaze guidéiert ginn.
  • nei Park&Riden fir de Beruffstrafic an der Stad a ronderëm d’Stad gebaut ginn.
  • kleng residentiell Parkhaiser oder ënnerierdesch Parkingen an de méi zentrale Wunnquartieren (z.B. dem Belair, Lampertsbierg oder Bouneweg) gebaut ginn, fir den Awunner eng anstänneg Parkméiglechkeet, als Alternativ zum Stroosseraum, ze bidden.

An dëse Quartieren, wou, wéi a ville gréissere Stied, d’Plaz am Stroosseraum limitéiert ass, geet et drëms fir Plaz fir wichteg Velospisten ze gewannen ouni datt d’Awunner dofir mussen (ouni Ersatz) op Parkplazen an hirem Quartier verzichten. Kombinéiert mam Amenagéiere vun enger limitéierter Zuel vun Kuerzzäitparkplaze laanscht d’Strooss, loossen sech esou op deene Plazen, wou et méi enk ass, sécher Velospisten amenagéieren, déi dës Wunnquartieren endlech anstänneg un de Velosréseau vun der Stad ubannen.

 Mat der CSV wäert(-en) fir d’Persounen à mobilité réduite:

  • déi verschidde Mobilitéitsformen och hir Besoinë respektéieren, andeems et z.B. an alle Transportmëttelen an op alle Bus- an Tramslinnen adaptéiert Material disponibel ass.
  • d’Chauffere vum ëffentlechen Transport eng Formatioun kréien, fir datt si behënnertegerecht Material och richteg benotzen an esou deene betraffene Persoune besser hëllefe kënnen.
  • d’ëffentlech Parkingen un d’Besoinë vun de Persounen à mobilité réduite ugepasst ginn, andeems z.B. d’Parkplaze mat 3mol5 Meter behënnertekonform gemaach ginn, fir datt déi betraffe Leit flaach aus hirem Auto klamme kënnen.
  • d’Trottoiren hiere Besoinë ugepasst an d’Benotze vun de Velospiste kloer reglementéiert ginn.
  • en Adapto Transportservice och disponibel gi fir op d’Aarbecht gefouert ze ginn.