Lynn Frank
31, Affekotin
Lynn Frank
31 Joer

Affekotin

Member vun der “Association Luxembourgeoise des Avocats Pénalistes”
Member an der Statutekommissioun vun der FLBB (Fédération Luxembourgeoise de Basketball)

Haaptthemen: Logement, Mobilitéit, Sport

Dynamesch an abenteuerlëschteg huelen ech mech ëmmer ganz optimistesch neien Erausfuerderungen un.

Ech si der Meenung, datt ons Stad eng Verännerung brauch fir d’Liewensqualitéit an d’Luucht zë setzen.

Eng Liewensqualitéit, déi leider ze vill duerch eise verbesserungswierdege Verkéierssystem beanträchtegt gëtt.

Och misst een erëm de Sport méi accessibel an attraktiv fir d’Stater Bierger gestalten an d’Divertissementer fir jonk a manner jonk Awunner, Touristen asw. ass ee wichtegen Aspekt, fir deen ech mech perséinlech gären asetze géing.

Een anere Punkt, dee mir immens um Häerz läit, ass d’Bautepolitik, déi falsch ugepaakt ginn ass, esou datt mir eis hautzedaags an enger delikater Situatioun befannen, wou jonk Familljen et sech oft net erlabe kënnen, souger mat zwee Akommes, an der Stadt ze wunnen.

Mir hunn eng immens schéin a kulturräich Stadt, déi et gëllt ze weisen.

Als contentieuse Affekotin sinn ech dagdeeglech gefuerdert fir Léisunge fir Problemer ze fannen an deemno och motivéiert um politesche Plang matzewierke fir dat grousst Potential vun der Stadt ze notzen.