Mir stellen eis vir

D’CSV Stad Lëtzebuerg an hir Quartierssektiounen

D’CSV-Sektioun Stad Lëtzebuerg zielt ronn 1100 Memberen. Domadder stellt d’Sektioun gutt en Zéngtel vun alle Membere vun der CSV. Am Gemengerot vun der Stad si mir mat 7 Leit vertrueden (3 Schäffen a 4 Gemengeréit). An der Chamber si 5 vun de 23 CSV-Deputéiert aus der Stad. Och sinn all 3 CSV-Europadeputéiert Member vun der Stater Sektioun.

De Comité vun der CSV Stad koordinéiert e.a. d’Aarbecht vun de Quartierssektiounen, organiséiert Aktivitéiten ewéi Informatiounsversammlungen a preparéiert d’Positioune vun der CSV an der Gemeng. Als President, gouf de Serge Wilmes de 25. Oktober 2016 vun de Membere vun der Sektioun gewielt an vun der Generalversammlung vum 1. Februar 2018 fir 3 Joer am Amt bestätegt.

All Joer kënnt d’Generalversammlung vun der Stad op mannst eng Kéier zesummen, wou déi 1100 Memberen alleguerte Stëmmrecht hunn. D’Generalversammlung iwwerpréift d’Aarbecht vum Comité an entscheed iwwert déi grondsätzlech programmatesch Linne vun der CSV-Gemengepolitik. D’Basis vun eiser Politik sinn dobäi eis Grondsätz, déi am Dokument “Jidder Eenzelen zielt” zesummegefaasst sinn. De Fonktionnement kann een an onse Statute noliesen.

Fir awer méiglechst no un Iech, um Bierger, an um Quartiersliewen ze sinn an ze schaffen, regroupéiert d’Sektioun Stad Lëtzebuerg 11 Quartierssektiounen.

Hei hutt Dir en Iwwerbléck iwwert eis Quartierssektiounen an hir Presidenten oder Kontaktpersounen:

Matmaachen – Member ginn – Ons kontaktéieren

CSV Bouneweg CSV Belair-Hollerech CSV Cents-Hamm CSV Gaasperech CSV Lampertsbierg CSV Mansfeld CSV Märel CSV Plateau Kierchbierg CSV Weimeschkierch-Beggen CSV Rollengergronn - Millebaach CSV Zéisseng

All Awunner vun der Stad ass häerzlech wëllkomm bei ons matzeschaffen. Wann Dir Iech wëllt bei ons abréngen, kënnt Dir Iech hei als CSV-Member androen.

Wëllt Dir fir d’éischt emol nach weider Informatioune kréien oder sicht Dir en direkt Gespréich mat Vertrieder vun der CSV Stad? Hutt Dir en Uleies, Froen oder Suggestiounen? Da schreift ons op stad@csv.lu, via de Kontaktformular oder per Post:

CSV Stad
BP 826
L-2018 Luxembourg

Dir kënnt awer och onsem Sekretär uruffen um 661 746 338 oder e Message am CSV-Generalsekretariat Tel. 2257311 hannerloossen. Mir mellen eis, esou séier ewéi méiglech zeréck.

Vum Fréijoer (Mäerz-Abrëll) un bis Enn Hierscht, organiséiere mir samschdes regelméisseg Stänn um Maart (Knuedler). Awer och bei Geleeënheete wéi dem Stroossemaart oder der Braderie si mir präsent. Werft roueg vun Zäit zu Zäit e Bléck op onsen Agenda a kommt einfach bei ons laanscht.