Carolina Dupong-Thiede
33, Manager en communication et marketing
Carolina Dupong-Thiede
33 ans

Manager en communication et marketing, Entrepreneur

Ancienne vice-présidente du DEMYC (Democrat Youth Community of Europe)
Ancienne membre du comité national et secrétaire international du JP (Juventude Popular)

(Lëtzebuergesch) Ech hu mech schonns ëmmer fir Politik interesséiert a war scho fréier, wou ech nach zu Lissabon gelieft hunn, Vizepresidentin vun der Demokratescher Jonker Gemeinschaft Europa (Democrat Youth Community of Europe) a Member ewéi international Sekretärin vun „Juventude Popular“. Ier ech op Lëtzebuerg komm sinn, hunn ech e.a. a Frankräich, Spuenien an Dänemark gelieft. Mä do konnt ech mech net engagéieren.

Zu Lëtzebuerg hunn ech fir d’éischt nees eng Stëmm an der Politik. Ech liewen zënter sechs Joer hei, sinn awer net Lëtzebuergerin. Ech wëll mech hei integréieren.

Fir d’CSV hunn ech mech entscheet, wëll se menger politescher Linn am meeschten entsprécht. Dat huet eng laang Geschicht. Scho mat 16 Joer hunn ech mech fir d’Politik interesséiert. Puer Joer virdrunner ware mir vu São Paulo op Lissabon geplënnert.

Meng Elteren hu mir gesot: Besich all d’Parteien, fro no hirem Programm! Dat hunn ech gemaach. Ech hunn och alles gelies. Wou ech de Programm vum portugiseschem Equivalent vun der CSV opgemaach hunn, ass et ëm d’Famill als Grondstee vun der Gesellschaft gaangen. Sou huet alles ugefaangen. Wou ech op Lëtzebuerg komm sinn, wollt ech mech engagéieren. Ech wousst scho vill iwwer Politik an esou hunn ech an der Campagne gehollef. D’CSV war ganz oppen. Sou ass et zur Nominéierung als Kandidatin komm, déi mech wierklech iwwerrascht huet. Ech wollt net nominéiert ginn, nëmme wëll ech eng Fra si – mä si hu mech iwwerzeegt, datt meng Nominatioun u mengen Iddien a Kompetenze léit.

Ech si ganz zukunftsorientéiert, mä ech hunn awer meng Aart fir Wäerter ze kommunizéieren. Vilfalt ass mir wichteg a Famill. Ech sinn och Mamm. An ech weess, wat et heescht, ze reesen, plënneren a Famill a Beruff ënnert en Hutt ze bréngen. Ech hunn hei zu Lëtzebuerg mäi Mann fonnt. Ech denken, datt ech Lëtzebuerg a Lëtzebuerg mech gewielt huet.

Ech freeë mech fir mech, zesumme mat enger dynamescher a kompetenter Equipe, fir eng Visioun vun enger méi mënschefrëndlecher Stad anzesetzen. Virum an och nom 8. Oktober!