Luciano Fratini
53, Self-employed
Luciano Fratini
53 years

Self-employed

Actively helping persons with disabilities for the last 30 years, committed to resolving their problems of accessibility in everyday life and sporting events

(Lëtzebuergesch) Firwat ginn ech – de Luciano Fratini – och an d’Politik?

Ganz einfach, ët geet duer mat deem Leerlauf vun eise Gesetzgeber a Politiker, déi eis Problemer net verstinn oder verstoe wëllen. All Mënsch, deen duerch eng Krankheet oder een Accident de Buedem ënnert de Féiss verluer huet, soll gehollef kréien, an eiser Gesellschaft di richteg Platz ze fannen! Dat as e fundamentale Mënscherecht! Mee dat erreeche mer nëmmen, wann eis (Behënnerte-)Politik eng aner Philosophie adaptéiert.

Primär geet ëmmer em Suen! Fir mech kee Problem! Ech sinn e Spuerfuuss, deen aus de Finanze kënnt. Opgrond vu menger laangjäreger Erfarung kann ech weisen, wéi een Lëtzebuerg behënnertefrëndlech mécht – ouni sech an ze vill Onkäschten ze stierzen!

Mäin Ziel as – am Sënn vun eise behënnerte Matbierger – en zolitte Sockel, en zolidd Fundament! Dorop solle mer dann zesumme bauen!

Ech riichte mech elo un all di behënnert Persounen, déi an eisem Land vu 70 Associatioune vertruede ginn – leider mat geréngem Erfolleg. Mir all  sinn -/+ 6000 Leit am Lëtzebuerger Land an zesumme mat  Famille komme mir op 20000 Wieler! Also, mir sinn eng Muecht!

Iergendwéi schéngt déi Muecht awer nach ze schlofen… Ech bieden iech: Hëlleft mir w.e.g all dëse Ris wakereg ze maachen! Zesummen, an nëmmen zesummen, kënne mir eppes beweegen!

Fir eis al Leit!
Fir d’Mammen mat den Kutschen!
Fir eis behënnert Matbierger!
Fir d’ganz Gesellschaft vu Lëtzebuerg!

Mir dréien eis am Krees an ët geet ëmmer erëm vu vir ugefaangenen.

Mir als CSV wëlle Saachen ännere mussen dofir wëlle mir d’Leit ze iwwerzeegen, dat mer richteg Verännerungen an deenen nächste 6 Joer fir di al Leit, fir d’Mamme mat  Kutschen an am Fong geholl fir JIDDEREEN maache wëllen. Den Terme JIDDEREEN schléisst och eis benodeelegt behënnert Matbierger an, déi zu all humaner Gesellschaft gehéieren!

Ech fuerderen Integratioun! Inclusioun! An eng gewëssen Autonomie! Fir eis Würd als Mënsch kënnen ze bewaachen! Mir wëllen net méi laang vu “normale” Leit wéi onmënneg kleng domm Kanner behandelt a gegängelt ginn, diskret gemobbt ginn!

Als Vetrieder vun de benodeelegte Persoune wär ech stolz, wann ech dëse Message kéint ënnert d’Leit bréngen! Dat sinn Argumenter, zu deenen ech stinn!

A wann ech, an och meng Partei an ons Equipe an der Stad, – wat ech staark hoffen – genuch Stëmme kréien, fir an eiser Behënnertepolitik e Wuert matzeschwätzen, well ech mat vill Energie an Engagement versichen, Är Zieler a meng Zieler ze verwierklechen an dat Parteiiwwergräifend! Net nëmmen an der Theorie, mee och an der Praxis!