Gilles Bley
42, Chairman of the School Board Limpertsberg
Gilles Bley
42 years

Chairman of the School Board Limpertsberg

President CSV Kirchberg Plateau
President of "Spiridon Lëtzebuerg" running club

(Lëtzebuergesch) Politik soll sënnvoll a konkret sinn. Fir d’Leit, fir all d’Stater Leit, fir eis Kanner, fir eis Liewensqualitéit. Duerfir engagéieren ech mech.

Nieft mengem laangjäregen Engagement an de Beräicher vun dem Sport an der Stad, souwéi an dem lokale souwéi Stater Gruppement vun den Interesseveräiner, läit mir awer besonnesch d’Famill um Häerz.

All Kand soll d’Méiglechkeet hun, sech a seng Kompetenzen ze entfalen. Duerfir brauche mir eng Vernetzung vun de Kanner hiren Interessegebidder an hirem Dagesoflaf: der Schoul, dem Foyer, dem Sport- a Kulturveräin. All Kand soll déi selwecht Chance gebuede kréien.

Mir brauche kreativ, attraktiv, interessant a secher Spillplazen an all Quartier, genausou wéi modern Schoulinfrastrukture mat motivéierenden Schoulhäff. Mir brauche fir all Quartier e Konzept, wéi eis Kanner sech sécher an hirem Quartier kenne beweegen, vum Zebrasträif, dem Schülerlootsen, der Stroossebeliichtung bis hin zur Spillstrooss.

Ech engagéiere mech, zesumme mat der ganzer Equipe vun der CSV Stad, fir datt eis Stad vu muer vun eise Kanner vun haut ka gepräägt ginn, datt e Stater e Stater ka bleiwen.