Fir déi Jonk zu Gaasperech

Patrick Basseggio 2015Viru kuerzem goufen et vill Diskussiounen iwwert d’Jugendhaus zu Gaasperech. Et sinn haaptsächlech d’Noperen, déi sech duerch de Kaméidi vum Jugendhaus gestéiert fillen.

Ee Jugendhaus ass awer ganz wichteg fir déi Jonk. Hei kënnen si sech an hirer Fräizäit mat Kollegen zeréck zéie fir flott Aktivitéiten a Projet’en zesummen ze realiséieren. Professionellt Personal ass do fir op si duer ze goen an hinnen een oppent Ouer ze schenken.

Ech denken awer, dass et wichteg ass, dass hei an Zukunft eppes ännert. Et muss gekuckt ginn, wéi d’Jugendhaus kann optimiséiert ginn, wat Infrastruktur, Zougang, asw., ubelaangt. D’Jugendhaus ass hei an engem Appartementshaus, matsen am Wunnquartier nieft Police, Dokterpraxis, Büroen.

Wichteg wär et fir déi Jonk, och eng Plaz ze hunn, wou si sech kënnen austooben. Net nëmme bannen de véier Maueren. Natierlech ass dat heiënt, op dëser Plaz, mat der Wunn-Noperschaft, schwéier ouni ze stéieren. Déi hunn Recht op Rou a Liewensqualitéit an hirem Quartier, wou si sech wuelfille sollen.

Doriwwer eraus ass et wichteg, dass di Jugendlech owes bis 22:00 Auer en Ënnerdaach hunn fir sech opzehalen. Virun allem am Summer a freides a samschdes, sou dass déi Jugendlech op hir Käschte kommen. Domat verhënnert een och, dass si sech no 18:00 hir Platzen dobausse siche ginn fir sech ze treffen.

Et ass op all dëse Pläng wichteg, dass hei zum Wuel vun den Awunner an de Jugendlechen no ausgewogene Léisunge gesicht gëtt, déi béiden entgéint kommen. Mir wëssen, dass äis CSV-Gemengeconseiller en op dësem Sujet um Ball sinn a si frou op hir Ënnerstetzung zielen ze kënnen fir eng gutt Léisung ze fuederen fir di Jonk an all d’Awunner vu Gaasperech.

 Patrick Baseggio
Vizepresident CSV Gaasperech