Aus der Chamber

Serge WilmesDen 13. Oktober fänkt déi nei Chambersessioun un. D’Parlament mécht seng Rentrée. Fir d’Regierung steet d’Lëtzebuerger Présidence vun der EU am Mëttelpunkt. Fir d’CSV als gréissten Oppositiounspartei sinn et eng Rei wichteg politesch Sujeten a Projeten. Zum Beispill de Staatsbudget 2016, déi annoncéiert Steierreform, d’Reformen am Schoulsystem oder d’Reform vun der Fleegeversécherong. Déi 23 Deputéierte vun der CSV wäerten all dës an déi vill aner Dossieren net nëmme kritesch kucken. Mir wäerten och Alternative virschloen, well mir eng kontruktiv Oppositioun maache wëllen.

Konstruktiv Virschléi huet d’CSV och gemaach fir deene sëlleche Flüchtlingen ze hëllefen, déi aus Länner komme wou Krich ass a si ëm hiert Liewe fäerte mussen. Europa ass am Moment iwwerfuerdert mat där Situatioun an et gi keng einfach Léisungen. An dach musse mir eppes géint dat Leed maachen. Grad ee Kontinent wéi Europa, wou virun 75 Joer, och zéngdausende Lëtzebuerger hu misse flüchte wéi d’Preissen onst Land besat hunn. Déi eng sinn a Südfrankräich gaangen an déi aner an de Norden vum Land. Och dodrunner solle mir ons den 10. Oktober erënneren, wa mir nationale Gedenkdag hunn. Datt Flüchtlingen net just déi aner sinn.

Serge Wilmes
Deputéierten
swilmes@chd.lu