Léif Stater,
D’Gemengewahle sti virun der Dier. Och an der Stad Lëtzebuerg, wou den 9. Ok- tober een neie Gemengrot gewielt gëtt.
Dobäi si Wahlen an onser schéiner Stad ëmmer eppes ganz Besonnesches. Et geet hei nämlech net ëm d’Zukunft vun
irgendenger Stad. Et geet ëm d’Haaptstad vun onsem Land, am Volleksmond einfach „d’Stad” genannt.
Zënter datt um Knuedler awer eng blo-gréng Majoritéit um Rud- der ass, ass aus der „Stad”, ewéi am bekannte Lidd vum Serge Tonnar, well eng „City”, jo esouguer eng „Multiplicity”, ginn. Grouss awer eidel Wierder, déi r d’Politik vum aktuelle Schäfferot stinn: onser Haaptstad ee kënschtlechen „Image” ginn, deen net zu hir passt. An dat mat Hëllef vun deieren Etuden, Kampagnen a Publikatiounen.
Fir d’CSV ass d’Stad Lëtzebuerg awer keng grouss, anonym Metropol ewéi et der esou vill am Ausland ginn. Si ass a soll eng iwwersichtlech, menschlech Plaz bleiwen, déi all hiren Awunner, Jonk an Aal, Familljen a Leit, déi alleng liewen, Persoune mat deene verschiddenste Beruffer an Nationalitéiten, een Doheem mat enger héicher Liewensqualitéit ubitt.
Do r steet bei der CSV och ganz kloer eng Politik am Mëttelpunkt, déi op eng verstänneg Aart a Weis eng Stad am Déngscht an am Sënn vun de Biergerinnen a Bierger schaaft, oder kuerz gesot:
Eng Stad r all Bierger!
Fir dat Ziel ze areechen, wäerte mir als politesch verantwortlech Partei den Awunner vun der Stad Lëtzebuerg net queesch duerch de grénge Gaart dat blot vum Himmel verspriechen. Mir wëlle léiwer realistesch Prioritéite setzen. 6 Stéck am Ganzen an dat r déi nächst 6 Joer.
6 politesch Prioritéiten, déi Dir zesumme mat onse 27 Kandidaten an dëser Editioun vum „Op de Punkt” kenneléiere kënnt.
Martine Mergen
Presidentin vun der CSV-Stad