Eng ëmweltfrëndlech Offallpolitik ouni Container

Quizfro: Déi se net hunn ver- laangen se, déi se hunn ver- uchen se ? Rieds geet ëm déi ominéis Container. Si droen näischt zum Landschaftsbild bäi, bréngen Gestank, Kaméidi an zousätzlechen Dreck aus den Nopeschgemenge mat, well vill vun hinnen an Zwë- schenzäit e «pollueur–payeur» System ageféiert hunn.

D’Ofallcontainer an onse Quartiere lafe regelméisseg mat Knascht iwwer obwuel den Hygiènesdéngscht se «all» Dag eidel mécht; een Däiwels- krees! Dobäi däerften déi Stat- er Bierger net méi Knascht wéi soss am Land produzéieren.

Fakt ass, dat dëse System net méi Zäitgeméiss ass, de Recyclingscenter op der Areler Strooss aus alle Néit platzt an Populatioun weider wiisst, ouni dass sech eppes un der Offallpolitik an deene läschte Joeren geännert hätt. Hei gouf vill wichteg Zäit verluer, wat mëttelfristeg zu engem seriéi- se Problem féieren wärt, wann Politik weiderhin an Immobilissem verfällt.

Dëse Schäfferot huet an der Offallpolitik, enger wichte-
ger Gemengenkompetenz, kläglech versot, well ouni Visiounen, Saaft a Kraaft. Vu gréngen Akzenter an dem uge- kënnegten neie Wand (brong Dreckskëschten ausgeschloss) keng Spuer!

Fazit, «wou gréng drop steet, ass nach laang net Gréng dran».

Container mussen aus onse Quartiere fort! Wat mir brauchen ass e neit, modernt, ef zient an ëmweltfrëndlech Offallkonzept dat weiderhin r all Stater Bierger, gratis an einfach zougänglech bleift.

Zousätzlech kleng dezentral Recyclingscenteren mat en- gem Kaarteliessystem wären eng méiglech Alternativ. Eng aner géif doran bestoen, net nëmmen de Plastik nom Var- loluxsystem, ma och Glas, de Pabeier an Gréngs no engem xe Kalenner bei Leit a klenge praktesche Kierf virun der Hausdier asammelen ze kom- men. Dëst hätt een duebelen Virdeel. Leit bräichten sech net méi ze deplacéieren, deemno CO2 frëndlech, an Participa- tioun géif och zouhuelen well elo endlech och déi manner mobil Bevëlkerung um Tri a Recyclage kéinten deelhuelen, wat onserer Ëmwelt a Gemeng sécher zegutt géif kommen.

Op jiddefall kënne a wëlle mir deem trauregen Containerspill, Ofalltourismus an Immobilis- sem net méi tatenlos nokuk- ken. D‘Stad braucht endlech e neit a kohärent Ofallkonzept wat der Liewensqualitéit an de Quartiere méi gerecht gëtt. Dofir steet CSV Bouneweg, dofir steet CSV Stad !

Alain BIREN
President CSV-Bouneweg