Face-à-Face Polfer/Wilmes: Reaktioun op eng Wuertmeldung vun RTL

Am Zesummenhang mat dem geplangten RTL-Face-à-Face Polfer/Wilmes, wollt ech kloerstellen:

  • Datt RTL mech virun 2 Wochen op ee Face-à-Face mam Lydie Polfer invitéiert huet an dës Emissioun an engem Gespréich mat mir virbereet ginn ass.
  • Datt RTL, esou ze soen an der leschter Minutt, d’Besetzung vun der Diskussiounsronn geännert huet.
  • Datt dës Entscheedung mir matgedeelt a mir gläichzäiteg kee Grond genannt ginn ass, firwat dat esou ass. Akzeptéieren oder net wor keng Fro.
  • Mir hunn versicht erauszefannen, firwat et zu dëser Entscheedung komm ass. Mir krute bis haut keng genee Äntwert a stelle fest, datt et zu enger Opnam ouni mech komm ass.
  • Ech fannen et schued, datt et, anescht wéi an de Stied Esch an Déifferdeng, et an der Stad Lëtzebuerg net zu engem Debat vun den Haaptchallengere bei RTL kënnt. Dëst wor geplangt an ofgemaach, fënnt awer net statt.
  • Journalistesch Fräiheet ass fir mech eng wichteg Saach, déi et absolut ze respektéieren an ze verdeedege gëllt.
  • Op mannst genee esou wichteg ass fir mech och Respekt a Fairness am Ëmgang an a mat der Politik.

Serge Wilmes
CSV-Spëtzekandidat an der Stad Lëtzebuerg
100% engagéiert fir ons Stad

Méi zum Thema:

Warum soll es bei „RTL Télé Lëtzebuerg“ nicht zum Duell Polfer/Wilmes kommen?