Modern, fuerweg, multikulturell

Modern, fuerweg, multikulturell – dat ass wéi mir d’Stad gesinn.

Verschidde Plakater an der Wahlcampagne weisen e Bild vum Spëtzekandidat, der CSV an hirem Slogan „Ons Stad liewen“.

E wichtegen Deel vum Liewe vun der Stad si fir ons Start-up Entreprisen an déi kreativ Industrie. Keen bessere Site, ewéi d’Schluechthaus, kann dës Visioun verkierperen, well mir ebe grad op der Plaz en Zentrum fir dës Aktivitéite wëlle schafen.

Dofir steet de Spëtzekandidat op verschiddene Plakater um Trottoir virun enger Mauer vum Schluechthaus, déi mat ville Graffitien dekoréiert ass. En Hannergrond, dee passt an deen all Passant, dee laanscht dëst ëffentlecht Gebai geet, ka gesinn.

En Deel vun esou engem Graffiti ass als Hannergrond  op dëse Plakater ze gesinn.

An deem Kontext huet den Auteur vum Graffiti sech zu Wuert gemellt.

Ech hunn gëschter schon perséinlech mam Artiste geschwat a mir konnten ons Positiounen austauschen.

Mat der politescher Gesënnung vum Artiste huet dat absolut näischt ze dinn.

Serge Wilmes, Spëtzekandidat vun der CSV Stad