Fir eng lieweg Geschäftswelt

D’Braderie ass fir d’Staadter Geschäftswelt een vun deene wichtegsten Deeg am Joer. Mir brauchen eng lieweg Geschäftswelt. Net nëmmen an der Stad, mä iwwerall am Land. Fir ze verhënneren, datt besonnesch dee klénge Commerce verschwënnt (Epicerien, Metzler, Bäcker, Zäitonsbuttéker…), huet de Serge Wilmes, Deputéierten a Spëtzekandidat vun der CSV Stad, eng Gesetzespropose gemaach, déi de Gemenge ee kommerziellt Virkaafsrecht gëtt.

Mécht ee klénge Commerce zou, da kritt d’Gemeng d’Recht fir als éischt de Kontrakt oder de Geschäftsfong ze iwwerhuelen. Duerno gëtt si deen nees un ee klénge Commerce weider.

Hei fannt dir den Text vun der Gesetzespropose: