No PAG a Wuesstemsdebatt: organiséierte Chaos fir ons Haaptstad?

Am Kader vun enger Pressekonferenz hunn de Serge Wilmes, Deputéierten a President vun der CSV Stad, d’Isabel Wiseler-Lima, CSV-Gemengeconseillère, an de Romain Diederich, Member vum Stater Comité an Expert an der Landesplanung, sech mam Bebauungsplang (PAG) vun der Stad an de Wuesstemsszenarioe vun der Regierung auserneegesat. Constat: de Stater Schefferot an d’Regierung sinn sech bei der Landesplanung net eens.