Serge Wilmes – neie President vun der CSV Stad

Um Méindeg Owend gouf de Serge Wilmes (34) op enger ausseruerdentlecher Generalversammlung zum neie President vun der Sektioun gewielt. Mat 72 % vun de Stëmme vun de 96 versammelte Memberen ass hie virun de zweete Kandidat, de Gemengeconseiller Maurice Bauer, komm. Fir de jonken Deputéierten, de schonns tëschent 2008 a 2014, d’Chrëschtlech-Sozial Jugend als President geleet huet, ass d’Zilsetzung ee Joer virun de Gemengewahle kloer. “Mir wëllen an der Haaptstad nees an d’Verantwortung – mir wëllen an de Schäfferot. Mir wëllen d’Politik an eiser Heemechtsgemeng nees gestalten. Am Sënn vun enger besserer Liewensqualitéit an engem richtegen Dialog mam Bierger. Just verwalte geet net méi duer! D’Loft ass aus der Blo-Grénger-Koalitioun eraus!” Dofir géif et elo gëllen an de nächste Méint vill an haart zesummen ze schaffen, esou de Serge Wilmes virun de Memberen.

E ganz grousse Merci krut d’Isabel Wiseler-Lima, wat d’CSV Stad zënter 2012 mat vill Geschéck geleet huet. Hatt bleift dem Comité awer weider als Gemengeconseillère mat Rot an Dot erhalen. Awer och de René Roeder, President vun der Lokalsektioun vu Gaasperech, ass stellvertriedend fir den Engagement vu ville Memberen geéiert ginn, als Merci fir säin onermiddlechen Asaz zënter ville, ville Joeren beim Opriichte vun de Stänn an de Panneauen, beim Pechen vun den Affichen a bei der ganzer logistescher Organisatioun.