Eng Stad fir all Bierger!
Den 9. Oktober si Gemengewahlen. D’CSV ass prett fir Verantwortung an der Stad Lëtzebuerg ze iwwerhuelen. Mir wëllen eng Haaptstad, wou d’Wuel, d’Zesummenliewen an d’Liewensqualitéit vun alle Biergerinnen a Bierger am Mëttelpunkt stinn!
Eng Gemeng am Déngscht vum Bierger
Fir eng modern Gemeng!
D’CSV wëll am Biergerzentrum méi flexibel Ëffnungszäiten, méi Démarchen elektronesch erméiglechen, d’Aarbecht vum Gemengerot méi transparent maachen, een oppent Ouer fir de Bierger hunn, d’Zesummenaarbecht mat den Interesseveräiner an de Quartieren ausbauen.
Gesond Gemengefinanzen
Fir Politik kënnen ze gestalten!
D’CSV wëll een Investitiounsplang, mat Bléck op d’Zukunft, prioritär an d’Schoulen, d’Betreiungsstrukturen, den Energie-, Waasser- an Kanalisatiounsréseau investéieren.
Ons 6 Prioritéite fir déi nächst 6 Joer
Eng Stad fir ze liewen
D’Stad Lëtzebuerg soll ee proppert, séchert a gréngt Doheem si fir Leit aus deene verschiddenste soziale Schichten, Alterskategorien an Nationalitéiten.
D’CSV wëll dofir nei Schoulen, Crèchen, Maison Relaisen an Foyeren, ee gréissere sozio-kulturellen Zentrum fir déi Jonk, méi betreiten Wunnengen fir ons eeler a behënnert Matbierger, gratis lëtzebuergesch Coursen, besser koordinéiert sozial Servicer, ee sécheren, accessiblen ëffentleche Raum an Transport an emwëltfrëndlecht Liewen a Wunnen.
Eng Stad fir ze wunnen
D’Stad Lëtzebuerg brauch genuch Wunnraum zu attraktive Präisser.
D’CSV wëll dofir déi gesetzlech Mëttele vum “Pacte logement“ an den “Aides au logement“ konsequent ëmsetzen an op den Terrainen a “Baulücken” vun der Gemeng Wunnengen bauen.
Eng Stad fir ze schaffen
D’Stad Lëtzebuerg soll sech als wirtschaftlechen Zentrum vum Land weiderentwéckelen.
D’CSV wëll dofir datt nei Aarbechtsplaze prioritär um Kierchbierg, an der Uewerstad, op der Gare an op der Cloche d’Or geschafe ginn, an datt déi wirtschaftlech Zesummenaarbecht mat de Nopeschgemengen am Sënn vum IVL verstäerkt gëtt.
Eng Stad fir sech ze beweegen
D’Stad Lëtzebuerg brauch kuerz Weeër fir seng Awunner an iwwer 100.000 Pendler.
D’CSV wëll dofir zesumme mat der Regierung an de Noppeschgemengen ee Mobilitéitskonzept ronderëm ee méiglechen Tram ausbauen, dat wäit iwwert d’Grenze vun der Stad a vu Lëtzebuerg erausgeet. E puer Mossnahmen: prioritär Busspueren op den Haaptverkéiersstroossen, eng circulär Buslinn, nei Park&Riden, kohärent Contournements- an Verbindungsstroossen, sécher Velospisten, attraktiv, kuerz Weër fir de Foussgänger.
Eng Stad fir anzekafen
D’Stad Lëtzebuerg soll eng lieweg Geschäftswelt hunn.
D’CSV wëll dofir de Stadzentrum nei beliewen an de Kommerz an de Quartieren ënnerstetzen, d’Geschäftstleit besser iwwer Chantieren informéieren, d’Parkinger moderniséieren a wa méiglech vergréisseren.
Eng Stad fir sech ze engagéieren
D’Stad Lëtzebuerg soll eng Plaz si wou all Bierger sozial, kulturell a sportlech aktiv ka sinn.
D’CSV-Stad wëll dofir adequat Infrastrukture fir d’Veräiner, een héichen Investitiounsniveau fir d’Kultur, een internationale Museksfestival fir Jonker, am Summer eng “Lëtzebuerg Plage” am Péitrussdall, déi vill gréng Plazen fir sportlech an aner Fräizäitaktivitéiten notzen, an een attraktivt Nuetsliewen mat neien adequaten Siten fir Concerten, Caféën an Discoen.
0 Äntwerten to “Kuerzfassung-Eng Stad fir all Bierger!”